Hymne Luxembourg

Drapeau de LuxembourgOns Heemecht

Original

Wou d’Uelzécht duerch d’Wisen zéit,

duerch d’Fielsen d’Sauer brécht, Wou d’Rief laanscht d’Musel dofteg bléit, den Himmel Wäin ons mécht – dat ass onst Land, fir dat mer géif hei nidden alles won. Onst Heemechtsland, dat mir so déif An onsen Hierzer dron. Onst Heemechtsland, dat mir so déif An onsen Hierzer dron. An sengem donkle Bëscherkranz, Vum Fridde stëll bewaacht, Sou ouni Pronk an deire Glanz Gemittlech léif et laacht; Säi Vollek frou sech soë kann, An ‘t si keng eidel Dreem: Wéi wunnt et sech sou heemlech dran, wéi as ‘t sou gutt doheem! Wéi wunnt et sech sou heemlech dran, wéi as ‘t sou gutt doheem! Gesank, Gesank vu Bierg an Dall Der Äerd, déi äis gedron; D’Léift huet en treie Widderhall a jidder Broscht gedon; Fir d’Heemecht ass keng Weis ze schéin; all Wuert, dat vun er klénkt, gräift äis an d’ Séil wéi Himmelstéin an d’A wéi Feier blénkt. gräift äis an d’ Séil wéi Himmelstéin an d’A wéi Feier blénkt. O Du do uewen, deem seng Hand duerch d’Welt d’Natioune leet, Behitt Du d’Lëtzebuerger Land vru friemem Joch a Leed! Du hues ons all als Kanner schonn de fräie Geescht jo ginn. Looss virublénken d’Fräiheetssonn, déi mir so laang gesinn! Looss virublénken d’Fräiheetssonn, déi mir so laang gesinn!

Français

Our homeland, our homeland,

Our green land in a clear view, I see, the homeland even far away, The skies are not cloudy. I see the land in golden feathers, I see the colors of peace The skies are not cloudy, Our homeland, our land.